Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Bamschnettcours zu Leideleng

D´“Amis de la Fleur“ Leideleng hat den 12. Mäerz 2022 an Zesummenarbecht mat der Ligue CTF e Bamschnëttcours organiséiert. Bei frëndlechem Wieder sin eppes méi wéi 20 Leit dëser Invitatioun nokomm. De CTF-Fachmann Remy Bintener huet hinnen op eng interessant Art a Weis d´Konscht vum fachgerechten Bamschnëtt resp. vum Praffen erklärt a gewisen. Duerno huet de Veräin eppes zum Beschte gin an d’Leit konnten dem Spezialist nach Froe stellen, déi hien mat Freed beäntwert huet. Alles an allem e vollen Succès..