Gala Concert 'Fiesta Latina' vun der Leidelenger Musek
14
Mai
2022
14 Mai
D’Leidelenger Musek invitéiert op hirem traditionelle Gala-Concert, Samschdes, den 14. Mee 2022, um 20 Auer, am Kultur- a Veräinsbau « An der Eech » zu Leideleng: Fiesta Latina !
Ënnert der Leedung vum Jean-Marie Grimler, trieden d’Leidelenger Crescendi (Jugendorchester) an d’Leidelenger Musek op, mat engem formidabele Latino Programm a mat der Participatioun vum illustren Trompettisten Trio: Ernie Hammes, Raoul Christophe a Melvin Burger. Net verpassen ....
Den Entrée ass 8€ am Virverkaf (www.leidelengermusek.lu) an 10€ an der Oweskeess.
Fir Iessen a Gedrénks ass gesuergt mat Latino Spezialitéiten.