Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Den Historiker Prosper Kayser stellt seng Familljechronik Kanech – Lenneng vir

De 27. November 2015 huet den Historiker Prosper Kayser am Sport- a Kulturzentrum “A Wëllems” zu Kanech d'Familljechronik vun der Gemeng Lenneng virgestallt.

Dës Familljechronik vun der Gemeng Lenneng mat Kanech, Lenneng, dem Kaffishaff, Hakenhaff, Scheierhaff, dem Haff Beyerholtz an dem Haff Eylerei ass en Noschlowierk fir Genealogen a fir jiddereen, deen e familiäre Kontakt mat dësen Uertschaften huet.

A sengem Wierk iwwert Lenneng huet de Prosper Kayser d’Awunner vun der Gemeng vun ëm 1675 bis 1923 zesummegefaasst. Dat sinn am ganzen 21.795 Persounen an enge 4.796 Famillen. Et ëmfaasst déi meescht Awunner vun der Gemeng, grad wéi hir Elteren, Kanner an och soss Familljememberen. Sou ginn och Familljemembere mat abezunn, déi net an der Gemeng gewunnt hunn.

Mat dësem 25. Band vu senge Familljechronike wäert de fréieren Anästhesist iwwerdeems mat senger genealogescher Aarbecht ophalen.