Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Buergbrennen 2014: Wéi all Joer en impressionant Bild

Och wann et um Dag ganz sonneg war mat Temperaturen bis 20 Grad hu vill Leit vu Lenneng an aus den Nopeschdierfer drop gehalen, de Wanter endgülteg Äddi ze soen. Beim destjäregen Buergbrennen, erëm vun der Amicale Lenneng organiséiert, war de Rendez-Vous am Festsall, wou Chilli con Carne an Ierbsebulli offréiert gouf. Duerno koum den Highlight, als Jugendlecher a Kanner mat hiren Elteren mat engem Fakel duerch d’Duerf gaange sinn. E klengen Challenge ass all Kéier de steile Wee bis bei d’Buerg, wou d’Leit mat Glühwäin a Schoki verwinnt goufen. Bannen kuerzer Zäit stoung d’Kräiz komplett a Flamen – en impressionant Bild wéi all Joer. D’Buergbrennen war nees e Spektakel. Am Festsall war dann nach e gesellegen Ofschloss.
E grousse Merci geet un all d’Leit, déi fir dëst Event matgehollef hunn, an un d'Haaptsponsoren Voyages Emile Weber a Caves Leuck-Thull fir hiren Engagement.