Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Ouschterausstellung vum Arlette Gleis- Bingen a Mariette Schaeffer an der neier Konstgalerie

Lellgen/Wëlwerwolz: Zwou fräischaffend Kënschtlerinne weisen hir Wierker an der neier Konstgalerie zu Lellgen/Wëlwerwolz. Si schaffen allen zwee haaptsächlich mat Acryl a Verbindung mat ënnerschiddliche Materialien, sou wéi Pigmenter, Teer, Marmormiel a Wuesskräid. Duerch d'Opdroe vu ville verschiddene Faarf- a Materialschichten iwwerraschen hir Biller mat enger besonnescher Transparenz an Déift.
De Vernissage, dee vum Anne Weisgerber musikalisch um Cello ënnermoolt gëtt, ass Samsdes de 26. Mäerz um 16 Auer. D'Ausstellung ass op:Samsdes, de 26. a Sonndes de 27. Mäerz vun 15 bis 18 Auer.Ouschterméindig, wou deen traditionellen Trëppeltour bei d'Lohrblumme matt Mëttigiessen um Programm steet, ass d`Ausstellung op vun 10 bis 18 Auer. (TEXT/FOTOEN :CHARLES REISER)