Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Lorblummen fir den Télévie

Eng Serie vu Photographien vun de Lorblummen ass de Moment am Kiischpelt ze gesinn. Dës Ausstellung am Kader vum Télévie weist di beléift Lorblumm aus verschiddene Bléckwénkel a Stëmmungen. D‘Biller goufen all dëse Mäerz vum Claude Windeshausen gemeet a ginn zu Lellgen an der bekanntener Lellger Stuff op Leinwand presentéiert. Den Erléis vum Verkaf ass integral fir den Télévie.