Wählen Sie Ihre Nachrichten​

D'ALA gëtt KONSCHT AN DEMENZ op dem KONSTfestival zu Lellgen e markante Raum

Am Heft, dat ëch gëschter um 27. open air KONSTfestival zu Lellgen mat dem Entreesbilljet iwerreecht krut, steet op Säit 51 e gudden Artikel vun der Association Luxembourg Alzheimer iwwert de Wert vu kënschtlerecher Aktivitéit bei der therapeutescher Begleedung vu Persoune mat Demenz an Alzheimer. Heimat si besonnesch Bewunner vun der Maison de séjour et de soins "beim Goldknapp" am Gruefwee zu Ierpeldeng op der Sauer gemengt. An enger Unitéit hunn ech vrun annerhalwem Jor een neie, gudde Frënd kennegeléiert, dee fir säi Liewe gär Uelegbiller moolt. A séngem Zëmmeer hänke sénger Biller. Och an der der Stuff vu sénger Unitéit, an där och méng Schwéiermamm ënnerbruecht ass, hängt e grousst Bild vun him. Well d'Mole mat Uelegfaarf am Gebai zu Ierpeldeng aus Sécherheetsgrënn nit gudd méiglech ass, huet heen sech gefreet, wéi et geheescht huet, mir fueren am Juni e puermol op Lellgen, fir do an der Hencksescheier ze molen am Hibléck op den traditionelle KONSCHT-Festival op eisem Nationalfeierdag.

Ech hunn eng Reih Fotoë vun de Biller gemeet,déi an der Hencksescheier ausgestallt sinn.

Hei bestätegt sech konkreet, wat d'ALA am Artikel schreiwt:

"Ziel vum kënschtlereche Schaffen ass net, datt de Mënsch mat Demenz engt méiglechst schéint Bild moolt! De kreative Prozess steet am Mëttelpunkt an déi positiv Effekter déi doduerch bei him erreecht ginn. D'Konschtwierker, déi dobäi entstinn, ginn eis d'Méiglechkeet, eis besser an ee Mënsch mat Demenz eran ze spieren. Si erméiglechen eis, hien ze verstoen, wou him d'Wierder feelen. Si sinn eng B r é c k zu sénger S é i l !

D'ALA-Lait orientéiren sech un engem Leitsatz vum schwäizer Kënschtler Paul Klee: "KUNST gibt nicht das Sichtbare wieder, sondern macht sichtbar."

Ech soe MERCI am Numm vu méngem gudde Frënd am Gruefwee zu Ierpeldeng op der Sauer. Him dédiéiren ech dëse Bäitrag, fir deen ëch extra op Lellgen gefuer sinn!