Wählen Sie Ihre Nachrichten​

27.open air KONSTfestival zu LELLGEN - e Succès an allen Hisiichten

Deene ville Lait, déi op eisem Nationalfeierdag op Lellgen komm sinn, gouf bei schéinstem Wieder allerlee gebueden.Et konnt een de Kënschtler iwwert d'Schëller kucken, dobaussen oder an enger vun de Scheieren an och an der Kierch.. Erfirzehiewen ass d'Participatioun vun der "Associatioun Lëtzebuerg Alzheimer". An der Hencksescheier ware Wierker ausgestallt, déi vu Persoune mat Demenz, déi z. B. am ALA-Heem zu Ierpeldeng op der Sauer wunnen, geschafe goufen, nom Motto: eng kënschtleresch Aktivitéit kann eng gudd therapeutesch Wierkung hunn. Als regelméissege Gaascht bei Alzheimer-Kranken zu Ierpeldeng am Gruefwee wees ech dat ze schätzen a kenne perséinlech ee gudde Frënd, deen an de lèschten Deeg e puermol a kompetenter Begleedung mat vill Begeeschterung an der Hencksescheier nees mat Uelegfaarf mole konnt.

Op ee mam eegene Won oder mat dem Zuch koum, ët koum een zu Fouss oder mat Navetten op d'Plaz. Ech hat méng BMW uewe bei der Kontrollstatioun ofgestallt, wou och allerlee gebuuede gof. Mee de Foussmarsch déi géi Strooss erof an dat idyllescht Duerf (an duerno och nees erop) huet sech gelount.

Fir Animatioun, Sécherheet a géint Honger an Duuscht war gesuergt. Déi Kleng haten och hire Spaass, konnten hiirt kënschtlescht Talent ënner Bewäis stellen an duerno mat plakege Féiss duerch déi kleng Baach trëppelen an sech do ofkillen.Wee léiwer am Schied sëtze wollt, deen huet sech an een Zelt oder ënnert e Bam gesat. Iwwerall hu sech Frënn a Bekannter getraff a matenaner geschwat. Kannerkutschen an Hënn waren och ze gesinn. Mat dem Entresbilljet konnt een säi Favorit sèlwer eraussichen. Munchereen ass mat engem Konschtwierk ënnert dem Arem nees zefridden heem gefuer.