Wählen Sie Ihre Nachrichten​

F.C. Étoile Sportive Kënzeg: d'Härenéquipe iwwerreecht der Minimes-Équipe eng nei Uniform


D'Member an d'Trainer vun der Jugendkommissioun vum Kënzeger Footballveräin hunn hier Nowuesspiller mat hieren Elteren op eng Saison-Ofschlossfeier agelueden.

Bei schéinem Wieder hunn déi jonk Sportler mat Spill a Spaass an mat engem gudden Maufel vum Grill ee flotten Dag mat hiere Frënn um Foussballterrain verbruecht.

Am Kader vun dëser Feier an ënnert dem Motto "déi manner jonk ënnerstëtzen déi méi jonk" huet d'Härenéquipe vum Veräin der Minimes-Équipe eng nei Uniform iwwerreecht fir se esou fir di kommend Saison ze ënnerstëtzen an ze motivéieren.