Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Aweiung Spillschoul Kéinzig

De 14. Juni 2019 ass déi nei Spillschoul (Précoce a Préscolaire) zu Kéinzig an der Gemeng Käerjeng ageweit ginn. Sonn, Musék a flott Kanneraktivitéiten hu bei Grouss a Kleng fir gutt Laun gesuergt. De Mëtteg ass mat enger Visite guidée duerch dat neit, modernt Gebäi an déi 2 Spillplazen op en Enn gangen.