Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Faire Moieskaffi

Och dest Joer huet de Parverband Mamerdall an Zesummenarbecht mat der Amiperas Koplescht-Briddel op e "Faire Moieskaffi" invitéiert. Déi ronn 150 Leit, déi der Invitatioun um 1. Adventssonndeg nokomm waren, hu sech a flotter Ambiance d'Produit'en aus dem fairen Handel gutt schmaache gelooss a sou och nach eng gutt Saach ënnerstëtzt, well den Erléis wär fir d'Sozial Aktioun vum Parverband Mamerdall.