Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Wanter Concert

Op Invitatioun vun der Simmer Duerfmusek huet déi Simmer a Käercher Musek, Sonndes den 3. Dezember zum 1. Advent an der Kierch zu Simmer opgespillt. Ënnert der Direktioun vum Didier Wein huet Simmer Musek folgende Programm gespillt "Generations Fanfare / Classical Canon / See You / The Young Amadeus / Hallelujah / Felix Navidad / Have I told you lately / If every day was like Christmas / Thank You for loving me / Erinnerungen an Zirkus Renz". No enger klenger Paus wou Museksfrënn sech konnte stäerke fir den zweeten Dëll vum Wanter Concert mat der Käercher Musek. Ënnert der Direktioun vum Pierre Rongvaux haten déi Käercher um Programm: March for fun / Tulpen aus Amsterdam / Friendship Hymn / Happy Luxembourg / Midnight in Madrid / What a wonderful World / Music to watch girls by / Last christmas.  Simmer Duerfmusek a Käercher Musek wënschen Iech alleguerte schéi Chrëschtdeeg an e schéint neit Joer 2018.