Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Scheckiwwerreechung un «GSP-Groupe de Support Psychologique»

Sichtlech erfreet war Mad. Isabelle Decker wei si konnt vun der Presidentin vun der Käercher Musek Mad. Edith Nothum-Lang ee Scheck vun 1500 Euro an Empfank huelen. Freides den 9. Juni war Mad. Decker als Vertriederin vum «GSP-Groupe de Support Psychologique» zu Giewel am Proufsall bei der Käercher Musek. A geselleger Ronn mat der Käercher Musek a Vertrieder vun eiser Gemeng huet Mad. Decker de Check an Empfang geholl den zustane komm ass duerch eis spendabel Nolauschterer beim Gala Concert vum 22. Abrëll 2017.

Merci un Iech. Merci seet Käercher Musek awer och eiser Gemeng ouni hier Ënnerstëtzung wär dat net méiglech. Merci un all déi Leit déi eis beim Gala Concert gehollef hunn. Mir wäerten eis erëm gesi beim Gala 2018 wou Virbereedungen am Lafe sinn.