Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Konveniat zu Käerch

Samschdes, de 16. Juni hunn d’Joergäng 1945 bis 1952 sech Rendez-vous ginn bei der neier Schoul. Si waren zesummen an der Primärschoul zu Käerch. No der Gruppefoto bei der Käercher Kierch hunn si e klengen Tiirchen Richtung Giewel gemaach, wou de Buergermeeschter Jean Wirion op den Éierewäin invitéiert hat. Well d’Gemeng zu Käerch ëmgebaut gëtt, war dëst zu Giewel an der aler Schoul. Duerno sinn si op Käerch bei de Fussballterrain getrëppelt, wou si sech an der Buvette bei Schmaus an Dronk gestäerkt hunn, an dobäi Schnoken iwwert déi vergaangen Zäit ausgetauscht. Dëst flott Treffen gouf organiséiert vun de Kollegen Guy Bartholmé, Anni Godart a Georgette Schmit.