Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Gala Concert 2017

Käercher Musek hat den 22 Abrëll 2017 op hiren traditionelle Gala Concert invitéiert ënnert dem Motto "City Tours" eng Rees duerch verschidde Stied vun Europa. De Concert an der Sportshal war gutt besicht. Ënnert der Direktioun vum Pierre Rongvaux ass e flotte Programm gespillt ginn de ganz gutt beim Publikum ukomm ass. Bei verschidde Lidder wei "Aux Champs-Elysées", "Moscow Nights", "Paris s'éveille" an der "Europa Hymn" ass den Orchester vum Gesang "Chorale Sainte Cécile Käerch" mat Bravour ënnerstëtzt ginn. De Benefice vum Concert ass 1500 Euro den dëst Joer un "GSP - Groupe de Support Psychologique" gëtt. Merci un eist Publikum dat esou generéis war.

D'Echoe vun dem Publikum nom Concert ware méi wei positiv. Merci un eisen Dirigent dem Pierre Rongvaux et war säin éischte Gala Concert mat der Käercher Musek. 

De H. Pierre Rongvaux huet Käercher Musek Mëtt September 2016 iwwerholl. An deier kuerzer Zäit huet hin mat de Museker zesumme kenn einfach ze spillenende Programm op Bee gesat. Wonnerbar Aarbecht vun eiser Equipe !

Am Reesbüro war Marie-Jeanne Gengler. Marie-Jeanne hat mam Jean Wirion a dem Marcel Jost keng einfach Clientèle.

Déi Flott a Professionell Beliichtung war wei al déi läscht Jore vun "Rent a Tent".

Dëse Concert geet et op CD. De H. John Fellerich huet dëse CD produzéiert.

Bis nächst Joer.