Wählen Sie Ihre Nachrichten​

"De Wahlkampf"

De Schmackesse Cloos huet et erëm gepackt hin ass zeréck gewielt a ka weider de Buergermeeschter Posten ausfëllen.

De Bekesch Tun huet him et net einfach gemaach. Stéck vum Assa Marco hat alles wat e Wahlkampf ze bieden huet. Eis Acteuren ënnert de Regie vum Jean Wirion, den och Roll vum Hannerhältege Bekech Tun gespillt huet, hu mat haarde Bandagë Wahlkampf gefouert. 

De Marsel Jost huet routinéiert de Schmakes Jos gespillt. Marie-Jeanne Gengler seng Fra Marthy, a fir dräi Dag "First Lady" aus der Gemeng. Eist Nessy Scherer hiert Meedchen, Carole mat vollen Asatz. Sven Jung war de Mett, Kneecht vum Haaf, eng Roll wei fir de Sven geschriwwen. Jo, eise Batteur, de Nico Blitgen wousst net mei op hin ee Jong oder Meedche wär, hin hat et net einfach an der Roll als Jacques dem Tun säin Neveu. An eist Jessica Fernandez, fir d'éischt op der Bühn a seng Roll als Kett, Wäschfra vum Duerf mat Bravour eriwwer bruecht. Wann eise Bëschof de Luc Wirion a senger Roll als Kaploun erlieft hät, wär de Luc direkt engagéiert ginn. Ee wichtegen Acteur den am Geheime schafft, Christiane Steffes an der Flüsterkëscht. Eng weider Roll déi hannert der Bühn spillt. Zoustänneg fir Frisur a Schmink Véroniqua Scherer.

De Wahlkampf ass entscheet genau esou wei an der Gemeng Käerch. De Wahlkampf an der Gemeng Käerch war wéit aus mei langweileg wei den op der Bühn. Ausser ee pur Ziedelen déi an d'Haus geflattert si war näischt lass. Do waren an der Vergaangenheet awer aner Wahlen an der Gemeng. Leif Politiker huelt iech ee Beispill...

Merci un eist Publikum. Dir waart formidabel.

� �P��