Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Austellung: Handwierk a Commerce an der Gemeng Käerch

D'Biergerinitiativ "Quo vadis Käerch" hat de Weekend vum 1.Oktober eng Ausstellung mat Fotoën an Objetën zum Thema "Handwierk a Commerce an der Gemeng Käerch". Al Handwierksbetrieber a Wiertschaften, déi et nët méi gët, konnt een hei op ale Fotoë kucken. Handwierksgeschier vum Schräinerbetrieb Mamer zu Käerch konnt ee bewonneren, grad wéi eng schwéier Schouschterbitzmaschin vun der Firma Christian Mansfeld vu Leipzig, déi dem Schouster Jean Thillges vu Giewel gehéieren huet.

Bei Kaffi a Kuch sin al Erënnerungen erëm lieweg gin.