Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Vive de Schnei

Nik nemmen Stau op de Stroossen, futtis Autoen, Beem dei d' Gewiicht vum Schnei nik mei droen oder Trottoiren, dei nik freigescheppt sin, beherrschen am Moment d'Aktualiteit hei zu Letzebuerg.
Et schneit zu Letzebuerg an daat nik ze knapps. Iwwert 50 cm Schnei si schon am Norden vum Land gefall an et hällt nach nik op.
Kanner freen sech iwwert de ville Schnei, well d' Kreschtvakanz huet doduerch een Daag eischter wei geplangt, ugefaangen.
De Schnei huet vill Leit, Kleng a Grouss, nik dovunner ofgehaalen um Sonnden raus ze goen.
Schlittfueren, ob mam traditionnellen oder modernen Schlitt, war nik emmer sou einfach, mee Schneiballschlachten an Schneimännercher bauen hu genee sou vill Freed bruecht.
Kleng a Grouss hu sech sou richteg gudd am Schnei amüseiert.
An deem Senn: VIVE DE SCHNEI.