Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Hexenderby

15
Feb
2020
15 Feb

D’Klengbettener Musek invitéiert iech op hiren traditionellen Hexenderby, Samschdes, den 15. Februar zu Klengbetten am Musekssall (2a, rue du Moulin). Fir déi perfekten Danzmusek suergt den Orchester Ever Dance mam Yves Schmartz an Marco Rech. Niewent der Hexenderby-Sangria, ginn et dëst Joer och Croque-Monsieur (och eng vegetaresch Variant).


Virverkaf bei all Member vun der Klengbettener Musek fir 5€

Oweskeess: 8€


Lass geet et um 21h00 an parken kann een op der Klengbettener Gare.


Weider Informatiounen op www.hklb.lu.