Wählen Sie Ihre Nachrichten​

2000 Euro fir "E Pak fir Madagaskar": Lions Club Luxembourg-Amitié ënnerstëtzt Schoulen op Madagaskar

Et ass scho fir d’zweete Kéier, datt de Lions Club Luxembourg-Amitié der asbl E PAK FIR MADAGASKAR am Kader vun der traditioneller “Ladies Night” e Chèque vun 2000 Euro iwwerreecht. Dëse generéisen Don dréit dozou bäi, datt 4 Schoulen mat am Ganze 400 Schüler weiderhinn op Madagaskar kënnen ënnerstëtzt ginn: mat franséische Kannerbicher fir d’Schülerbibliothéik, mat Schoulmaterial, mat Rucksäck. Am Numm vun der asbl huet d’Präsidentin Nadine Elcheroth dem Lions Club e ganz häerzleche Merci gesot an ass détailléiert op déi aktuell an déi zukünfteg Projetën agaang, déi mat Hëllef vun dësem Don kënne réaliséiert ginn.
Fir weider Détailer zur asbl an zu de Projetën: www.epakfirmadagaskar.lu