Wählen Sie Ihre Nachrichten​

D’Par Mamerdall-St.Christophe spend 6.600€

No enger flotter Open-Air-Familljemass zu Keespelt, hunn déi Verantwortlech aus der Par Mamerdall-St. Christophe den Erléis vun hirer desjähreger sozialer Aktioun a Form vun 2 Schecken vu je 3.300 € weiderginn. Dës stolz Zomm ass am Laf vum Joer gesammelt ginn duerch e Grillfest, eng Adventsaktioun, d’Friddensliichtaktioun, e faire Moieskaffi an den Don’en vun de Kommiounskanner. D’Vertrieder vun deenen 2 Associatiounen, der ONG “Naledi-Projects” an der ASBL “Autisme Luxembourg”, hunn eng kuerz Erklärung ginn, woufir dësen Don wäert benotzt ginn an am Numm vun de Bénéficiairen e grousse Merci un all Leit, déi eppes dozou bäigedroen hunn, ausgeschwaat.