Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Wanterdag am Bongert bei Fréijoerswieder

Den 11. Mäerz haten d’Frënn vum Brennereimüsee op hieren Wanterdag am Bongert mat Uebstbamschnëttcours invitéiert. Ronn 40 intresséiert Hobbygäertner waren dem Opruf nokoum a krute vill Wëssenswäertes iwwert d’Uebstbeem an de Bongert gewisen. De Remy Bintener huet erklärt, wéi ee séng Uebstbeem richteg schneidde soll. De Claude Rollinger ass op d’Wichtegkeet vun de Beien a Wëllbeien am Bongert agaangen. Et gouf och nach gewisen, op wat ee beim Planzen vun de Beem muss oppassen, wat ee géint Wullmais- a Wëldverbëss ka maachen, ouni op Gëft zréck ze graifen. Duerch eng konsequent Nützlingsförderung am Bongert kann ee vill erreechen ouni Pestiziden anzesetzen. De Prësident Tom Hansen huet allen Bedeelegten Merci gesot an op de Patt an ee Mauffel invitéiert. Den nexte Rendez-vous ass den 30. Abréil um Fréijoersdag am Bongert.