Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Stage fir Goalkeeper zu Kielen

Den 3. a 4. Abrell, huet d`Goalkeeperschoul KSM, hieren éischten Stage organiséiert. Déi 3 Trainer, Kevin Hartert, Stéphane Gillet a Michel Hausman, ware begeeschtert fir 2 Deeg intensiv mat 25 Goalkeeper kennen ze schaffen. E puer vun deene 25 Kanner wäerte bestëmmt deemnächst op hiere normalen Goalkeepstrainingen, Méindes a Mëttwochs zu Kielen, optauchen. Bei der klenger Ofschlossfeier huet de Kevin Hartert all hiere Sponsoren Merci gesot, dem Paul Gansen an Alain Hoffmann fir hir Hellef, den Elteren, de Kanner a Jugendlechen an e grousse Merci goung un d`Gemeng a virun allem un den FC Kielen. Hien huet ausserdem versprach, dass et bestemmt net dee leschten Stage war dee KSM organiséiert.

Weitere Neuigkeiten von Danielle Hartert-Theis >