Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Schnëttcours fir Uebstbeem bei Reen a Stuerm

D'Wieder huet den 13. Mäerz definitiv nit matgespillt, wi d'Frënn vum Brennereimüsee zesummen mat Natur an Emwelt vun Téinten op hieren Uebstbam-Schnëttcours invitéiert haten!

An trotz dem miserable Wieder haten vill interesséiert Naturfrënn de Wee op Kielen an de Bongert found.

De Cours gouf gehalen vum Remy Bintener zesummen mam Joël Adam an allebéid hu vill nëtzlech Informatiounen iwwert d'Schneiden vun den Uebstbeem, mee och allgemeng Nëtzleches iwwert de Bongert, weider ginn.

Nom Cours war d'Motivatioun vun de Bedeelegten granz grouss, fir dat neit Wëssen Doheem auszeprobéieren.