Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Opruf fir de Konscht- a Kulturfestival zu Kielen den 21. Mee 2017

Den 21. Mee 2017 organiséiert d'Kulturkommissioun vun der Gemeng Kielen di 2. Editioun vum KUKI, dem Konscht- a Kulturfestival zu Kielen.
Iwwert 90 Kënschtler hun 2015 op der éichter Editioun matgemeet.
Fir d'Editioun 2017 sinn nach e puer Plaze frai an Umeldungen gin nach entgéint geholl bis den 28. Februar.
Ausstellungsméijlechkeeten sinn an öffentlechen Gebailechkeeten, wéi dem Musekssall, der Galerie bei der Kierch, der Mölleschkapell, der Kierch, dem Site vum Brennereimüsee oder awer an Garagen a Scheieren vu Privatleit oder an Zelter an e gespaarten Stroossen.
Weider Informatiounen an och den Umeldungsformular fënnt een um www.kulturkehlen.lu oder iwwert kuki@kehlen.lu oder iwwert Telefon: 691 369 851 (André Gerges).