Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Lëtzebuerg géint Malta zu Kielen

D’Begeeschterung bei de Kanner war schons deeglaang virum besonnesche Rendez-vous ganz grouss: D’Footballnationalequipe kéint op Kielen fir ee Lännermatch! Nit d’A-Equipe, mee ëmmerhin d’U21. De Géigener kéint vu Malta. Wou läit Malta? No kuerzer Sich op der Europakaart ass Malta séier found: Eng Insel am Mëttelmier.
An der Schoul kruten d’Kanner Ticketën fir hieren Numm drop ze schreiwen, a fir un der Verlousung vun 12 Trikotën vun eiser Nationalequipe, deelzehuelen. D’Gemengenaarbechter haten all Hänn voll ze din, fir den Terrain an d’Emfeld an d’Rei ze bréngen. Den FC Kielen huet sech op ee groussen Ustuerm vun Zuschauer preparéiert. Alles soll perfekt lafen…
Endlech ass et esou wait. Wéinst dem Lännermatch fällt de Kanner hiere Footballtraining zwar aus, mee fir eemol, a fir esou eng besonnesch Gelegenheet, ass daat ze verzeihen. En Stonn virum Match sinn di éicht Zuschauer schon do an de Kielener Schefferot invitéiert op den Éirepatt. D’Spiller maachen sech waarm. D’Kanner sinn opgereegt a sichen sech di beschte Plazen op der fonkelneier Tribühn. Dräi Jugendlecher héieren ech soën: „Et si jo sëcher Heizstrahler op der Tribühn?“… Esou ee Luxus brauche mäer awer nit zu Kielen mäer hu jo eng Drëpp fir eis ze wiermen!
Pünktlech um halwer 7 huet den Abiter ugepaff an no knapp 10 Minuten steet et schons 1 zu 0 fir eis Jongen. Alles schéngt perfekt ze lafen. Mee virwat sin d’Luuchten nach nit un? Nervositéit mecht sech breet. D’Haapsicherung ass ewech gefuer. Wann elo nit geschwënn eppes geschitt, muss de Match ënnerbrach, schlëmstefalls afgepaff ginn. Et dämmert... A leschter Sekonn, oh Wonner, d’Luuchten ginn erem.
D’Gooler falen een nom aaneren an zum Schluss steet et 5 zu 0 fir Lëtzebuerg! D’Kanner an och di Grouss si begeeschtert. Esou Glécksmomenter kennt de President vun der FLF Paul Philippe nit oft. Wéini schéissen eis Jongen schons 5 Gooler géint een aanert Land?! Mee daat läit um Kielener Terrain, un deer gudder Loft an un deem flotten Ëmfeld. Elo läit de Ball bei der FLF fir mi daks e Match zu Kielen z’organiséieren…