Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Flotte Succès fir d'Kielener Brennereifest

Konscht an d'Konscht vum Brennen stungen am Mëttelpunkt vun der 16. Editioun vum Kielener Brennereifest.
Eng ganz Rëtsch Kënschtler hun hier Wierker um Site vum Brennereimüsee ausgestallt.

Fir Animatioun hun d'Kielener Musék an d'Luxembourg Pipe Band gesuergt.

Am Kessel gouf eng gudd Neelchesbierendrëpp gebrannt.

Vill Lait hu profitéiert fir sech de Brennereimüsee weisen ze loossen.

Um kulinaresche Plang stungen Wëldspezialitéiten a Gereechertes, Glühwain, Gromperekichelcher, Goulaschzopp a Gegrills .

Héichpunkt war de Moudedéfilé vun der jonker Designerin Corinne Schleich. Hier Liederkreatiounen goufen an der neier Brennerei virun dem Brennkessel prësentéiert.

Ufank Januar geet de Brennereimüsee an d'Wanterpaus an op Ouschterméindeg geet di nei Saison un. Reservatiounen fir Gruppen op RDV gin ugeholl iwwert den Tel.: 621 768 452 oder iwwert brennerei@hotmail.com

Fir d'Organisatioun waren d'Frënn vum Brennereimüsee zoustänneg.