Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Donati-Kiermes zu Kielen

Wéi all Joer haaten d'Frënn vum Kielener Brennereimusée op hier Donati-Kiermes agelueden. Nodeems um Virowend déi Kielener Musik d'Kiermes mam Hämmelsmarsch agelaut haat, huet den Dag selwer mat enger Mass zu Éiere vum Hl. Donatus am Haff vum Brennereimusée ugefaangen. Des gouf musikalesch encadréiert vun der Kielener Chorale Ste. Cécile. Uschléissend un d'Mass war dunn d'Sakramentsprëssessioun duerch d'Stroosse vu Kielen, dëst mat Bedeelegung vun den "aale Kielener Pompjeeën" an der Fanfare Kielen. Nom Schlussseegen an der Kierch, goung et du weider mat der Kiermes beim Brennereimusée. Hei gouf den Apéro zerwéiert an e gudde Mëttegmenu, ofgeronnt mat enger Drëpp aus der hauseegener Brennerei. De ganze Mëtteg, bis an den Owend eran, gouf bei flotter Musik gefeiert an och d'Kanner koumen mat engem Sprangschlass an dem Intefëschen net ze kuerz. Sou war gutt Stëmmung garantéiert an enger nächster Oplag vun der Donati-Kiermes zu Kielen steet näischt méi am Wee.