Wählen Sie Ihre Nachrichten​

En Dag fir den Télévie

Wéi et geheescht huet, Wëntger as 2017 Centre de promesses vum Télévie, sin d'Gemengen an d'Veräiner aus der Emgéigend ugeschriwe gin, fir mat enger Organisatioun matzemachen.
Spontan as beim Synd.d'Initiative Kautebaach d'Iddi komm fir mat derbäi ze sin.No kuerzer Beroodung as decidéiert gin e geféierten Trëppeltour mat Mëttegiessen an Animatioun z'organiséieren.
Sonndes den 19. Februar huet sech e Grupp vun iwer 20 Leit getraff a si mam Yves a mam Fernand bei d'Bomm getrëppelt, duerno op "d'Hockslay", an duerch d'Ae nees zrëck an de Sall.
Fir d'Mëttegiessen waren 80 Leit ugemellt deenen et gud geschmacht huet, et gouf "Judd, Gaardebounen a Speckgromperen,Zalot an Dessert oder eng Assiette mat Ham. Am Nomëtteg huet d'Soc. Mun. des Accordéonistes Luxembourg(SMAL)e Concert mat bekannte Lidder gespillt, eenzel Leit hu souguer en Tiirche gedanzt. D'SMAL hat sech och spontan bereet erklärt keng Gage ze froen, an esou hiren Deel zum Télévie bäizedroen.Hinnen e grousse Merci.
Et konnt ee beim Knäpprooden a bei enger Tombola säi Glëck probéieren,wou schéi Präisser ze gewanne waren.
De Bilan as gemach, an dee kann sech weise loossen,2723,00 Euro koumen zesummen an de Syndicat huet op 3000,00 opgeronnt.
En dëcke MERCI alle Leit fir hir Partizipatioun an d'Don'en, der Gemeng, eise Sponsoren an alle Leit déi gehollef hun dass desen Dag en Erfolleg war.
Syndicat d'Initiative Kautebaach