Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Nationalfeierdag zu Jonglënster

Ganz vill Leit hunn un de Feierlechkeeten zum Nationalfeierdag zu Jonglënster deelgeholl. An engem laange Cortège – ugefouert vu Membren aus der Lënster an aus der Bierger Musek – sinn de Schäffen- a Gemengerot, d’Veräiner a vill Privatleit an d’Kierch gaangen, wou de Paschtouer Francis Erasmy e feierlechen „Te Deum laudamus“ zelebréiert huet. Des Zeremonie gouf verschéinert duerch de Lënster Gesank ënnert der Leedung vum Luc Nilles; op der Uergel gouf d’Chorale begleet vum Organist Laurent Felten. D’Nathalie Achten huet d’Sonnerie Nationale gespillt.
Duerno hunn d’Leit sech am Centre Gaston Stein afonnt, wou de Buergermeeschter Romain Reitz eng patriotësch Ried gehalen huet. Hien ass op verschidde Projeten agaangen, déi an der Gemeng realiséiert ginn; hien huet awer och op d’Problemer higewisen, déi bei eis an am Ausland bestinn, an datt vun eis allen Solidéiert verlaangt gëtt.
Duerno hunn de Romain Reitz an d’UGDA-Vertriederin Adèle Donven-Rosetti un dës verdéngschtvoll Membren aus der Lënster Musek Medaillen iwwerreecht: Sarah Azevedo (5 Jar), Chris Endler, Steve Endler, Amélie Gretsch, Immanuel Mischel an Onno Theis; Pol Greter (10); Kendra Weber (20); Raoul Reuter (30).
Bei de Rettungsdéngschter sinn dës Membren ausgezeechent ginn: Michel Faulk (Bronze-Ofzeechen), Ben Federspiel, Dean Khan, Mike Marmann a Julien Schroeder; Kim Huwer (Sëlwer-Ofzeechen), Pol Nilles; Olivier Schroeder (Gold-Ofzeechen); Jane-Arne Kanstein (20 Jar), Patrick Greischer (25 Jar): Jacques Weiler (30 Jar)
D’Guiden an d’ Scoute vu Lënster waren duerno fir de Catering zoustänneg, eng Aufgab, déi si zur vollster Zefriddenheet vun alle Leit gemeeschtert hunn.
Mat engem imposante Freedefeier gouf d’Feier vum Nationalfeierdag zu Lënster ofgeschloss.