Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Lënster: “Wanterzäit” Editioun 2016

De 19. an 20. November hat de Syndicat d’Initiative aus der Gemeng Jonglënster fir
6. Kéier seng Manifestatioun “Wanterzäit” am Centre Polyvalent Gaston Stein zu Jonglënster organiséiert.

An enger gemittlecher Chrëschtambiance haten d’Leit, déi d’Geleeënheet genotzt haten, d’Méiglechkeet Cadeauen fir Grouss a Kleng ze kafen.

D’Auswiel war breet gefächert, et goufen z.B. Cadeauen aus Holz a Keramik, awer och Krëppen, Patchwork, Likör, Arrangementer, Bijou’en, Petzien, Kanner Gezei, Kamellen, Kaarten, Corbeillen a nach villes méi.

Och dëst Joer haten erëm eng Rei Schoulklassen aus eiser Gemeng hier selwer gerëschte Chrëschtbeemercher ausgestallt.

Beim Chrëschtbeemercher’s Concours hunn d’Leit fir hire Favorit ofgestëmmt.
Duerno koum de Beemchen an d’Schoulklass, wou en elo e puer Wochen d’Kanner an déi richteg Stëmmung wäert bréngen.
All Schoulklass, déi matgemaach huet, krut doniewent och nach e Präis.

Wéi schonn déi Joren virdrun, kann e soen dass de Wee op Jonglënster sech gelount hat.