Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Jonglënster: D'Buch "Wenn Steine reden" elo schon e grousse Succès

Viru kuerzem ass dat neit Buch « Wenn Steine reden » iwwer d’Gemeng Jonglënster virgestallt ginn. De Succès vun diem Wierk ass grouss : Ganz vill Leit aus der Gemeng an och Leit, déi fréier an der Gemeng gewunnt hunn, interesséiere sech fir déi flott an interessant Informatiounen, déi si an dem Buch fannen.
De Grondstee fir dëst Buch ass am Summer 2015 geluegt ginn, wéi de Buergermeeschter Romain Reitz en Aarbechtsgrupp mat Leit aus der deemoleger Kulturkommissioun gebieden huet, sech drunn ze ginn, fir esou e wäertvollt Wierk hierzestellen.
Op 334 Säiten, a 16 Kapitelen fanne mir 829 Fotoen, Kaarten an Zeechnungen, déi en historëschen Iwwerbléck verschafen iwwer déi zwielëf Uertschaften vun der Lënster Gemeng vun hiren Grënnung u bis haut. Méi wéi interessant ass d’Oplëschtung vun den Nimm vun den alen Haiser a Stroossen an och eng Géigeniwwerstellung vun den Uertschaften op enger Ferraris-Kaart vu 1771/1778. Och fanne mer e rezent Loftbild aus dem Jar 2017, wou ee sech ka virstellen wat fir eng Fläch d’Gemeng anhëllt. Opgelockert gëtt dat Ganzt duerch Bräicher a Soen aus eisen Dierfer, e Glossar an e Quelleverzeechnës schléissen d’Wierk of.
Aus all Uertschaft sinn e puer typësch Bauwierker aus deene verschiddene Stroossen erausgesicht ginn, déi en historëschen Numm hunn an duerch hir geschichtlech Vergaangenheet, hire Stil oder de Beruff vum fréiere Besëtzer der Uertschaft hire Stempel opgedréckt hunn.
E grousse Merci verdéngt den Aarbéchtsgrupp mam Armand Schleich als Koordinator an dem Michel Schuller, dem Sven Fiedler an dem Annette Weiwers-Probst, fir déi gutt a wäertvoll Aarbecht déi hien hei geleescht huet. Wien duerch dat Buch hei bliedert, deen erënnert sech drunn – besonnësch wann e schjon e puer Jar um Bockel huet – wéi et fréier an der Gemeng ausgesinn huet a wéi hei geliewt a geschafft ginn ass.
Well dat Wierk a kengem Haus an der Gemeng soll feelen, kann een et am Gemengesekretariat zu Lënster kafe fir 40 Euro.