Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Jonglënster: Aus der Ried vum Buergermeeschter Romain Reitz

Mir hunn eis haut hei versammelt, well mer houfreg si fir eisen Nationalfeierdag zesummen ze feieren. Scho virdrun hate mir e schéine Cortège vum Centre Culturel bis an d’Kierch, wou e festlechen Te Deum stattfonnt huet.
Lo si mer beim weltlechen Deel vun der Feier vun eisem Nationalfeierdag ukomm a wäerte wéi all Joer no der Ried an dem Ofspille vun der Heemecht d‘Eierung vun eise Leit vum Centre d’Intervention et de Secours a vu verdéngschtvolle Museker virhuelen. Duerno geet dann de gemittlechen Deel vum Owend un. Em 11 Auer gëtt dann eist Freedefeier ofgeschoss.
Léif Leit,
De Virowend vun eisem Nationalfeierdag gëtt eis d’Méiglechkeet, iwwer verschidde wichteg Punkten, déi eis all betreffen an bewegen, nozedenken. An Zäiten, an deene ganz Europa e Rietsruck erliewt, an deenen Nationalisten de Pouvoir an de Parlamenter a Regierungen iwwerhuelen, an deenen (an onse Nopeschlänner) am Numm vun enger soi-disant Sécherheet de biergerlechen Rechtsstaat ausgehillegt gëtt a rietsnational Politiker d’Terrorherrschaft vun de Nazien als „Vugelschass“ an der Geschicht verharmlosen – an esou engen Zäiten muss een Haltung bezéien, an déi universell Grondrechter verdeedegen, déi um Ufank vun eiser Verfassung stinn: d’Dignitéit vum menschleche Liewen, Gläichheet a Fräiheet. An dat heescht net nëmme sech moralësch besser ze fillen, mee sech aktiv z’engagéieren.
An deem Sënn heescht et awer och ze froen, wéi eng Roll Lëtzebuerg op der internationaler Bühn spille kann bzw. soll! Well als eent vun de 6 Grënnerlänner vun der Europäescher Unioun huet et eng besonnësch historësch Verantwortung fir d’Verspriechen op en Europa ouni Krich, Friemefeindlechkeet an Ausgrenzung wouer ginn ze loossen. D’Populatioune vun Europa däerfen sech net laanscht nationalen oder kulturelle Grenzen ausenaner spalte loossen. Ouni grenziwwergräifend Solidaritéit léisst sech den Dram vun engem vereenegten, multikulturellen an egalitairen Europa net realiséieren.
Ech wëll domat soen: Mir mussen en oppent Land bleiwen: oppen fir Immigratioun fir all déi Leit, déi aus wirtschaftlecher Nout a Gefor fir hiert Liewen, eis Gaaschtfrëndschaft brauchen. Mir mussen eis dofir asetzen, dass och soss an Europa dës Wäerter héichgehalen a praktizéiert ginn. Mee Solidaritéit ass keng Selbstverständlechkeet: se muss ëmmer nees op en d’Neits gelieft an erneiert ginn.
An ech sinn houfreg doriwwer, dass hei an dëser Gemeng an awer och am ganze Land, Leit duerch hiert onermiddlecht Engagement ëmmer nees ënner Bewäis stellen, dass dëse Wonsch no sozialer Gerechtegkeet keng eidel Phrasendrescherei ass. Si sollen eis all e Virbild sinn.
Awer och mir hu vill ze gewannen, wa mir eis fir Oppenheet asetzen: de kulturellen Austausch mat eise Matmënschen erweidert eisen Horizont, sensibiliséiert fir d‘Problemer vun dëser Welt, an deer mir liewen an erweidert eis Fäegkeet zur Empathie. Datt domat awer d’Integratioun vun eisen neie Matbierger geléngt, gëllt et fir jidderee säi Bäitrag ze leeschten, a besonnësch an der Gemengepolitik. D’Vermëttlung vun der Lëtzebuerger Sprooch ass dofir sécherlech e wichtege Bausteen – an déi neisten Zuele weisen, dass eis Sprooch an engem ganz wonnerbaren Zoustand ass. Ni gouf Lëtzebuergesch op kulturellem an literarëschem Plang sou gefërdert, ni hunn – trotz steigender Sproochevillfalt am Land – souvill Leit dës Sprooch geschwat. Lëtzebuergesch-Coure stoussen op e steigend Interesse vun eisen auslännesche Matbierger – ënner anerem, well se d‘Lëtzebuerger Staatsbiergerschaft unhuele wëllen. Un dës Dynamik gëllt et och an Zukunft unzekneppen.
Léif Leit,
D’Zukunft vu Lëtzebuerg an Europa muss eis also all interesséieren. Jiddereen sollt seng Verantwortung iwwerhuelen. Mir mussen eis engagéieren fir all eis Matbierger – mat der Betounung op „all“ – déi, déi mer kennen, wéi déi, déi mer net kennen, gesonden wéi kranken, alen wéi jonke Mënschen.
Oft hunn mer Angscht virun der Zukunft: mer fäerten eis Aarbecht ze verléieren; dat ze verléieren, wat mer hunn; dass een eis eppes weghëllt; an d’Prekaritéit erofzerutschen; oder ze versoen virun dem Leeschtungsdrock deen Dagaus, Dagan un eis gestallt gëtt. Eis Jugend stellt sech och diselwecht Froen..
En Appell geet sou och un eis Landespolitiker dat si a Froen vu sozialer Gerechtegkeet Äntwerten fannen an eng gemeinsam Politik am Sënn vun alle Betraffenen maachen. Mir brauchen des sozial Gerechtegkeet. Den Ecart teschend Aarm a Räich geet och an Lëtzebuerg séit Joren ausenaner. Dat dierf net esou weidergoen. Am Numm vum soziale Fridden an eisem Land an an Europa muss een dëser bedenklecher Entwécklung entgéint steieren.
Léif Leit,
An de leschte Wochen hu mir et erëm eng Kéier ze spieren kritt, wat de Klimawiessel fir Konsequenzen an eisen Dierfer kann hunn. Ausser enger Iwwerschwemmung zu Eeschler viru 5 Woche si mer gréisstendeels an eiser Gemeng verschount bliwwen. Dee massege Reen, deen am Mëllerdall an Ëmgéigend erof gang ass, huet speziell am Mëllerdall vill Schued ugeriicht, mee och déi aner Dierfer, haaptsächlech vun der Waldbëlleger Gemeng an erof bis op Iechternach, blouwen net verschount an e puer Stroosse sinn op länger Zäit net befuerbar. Wéi ech virdru scho ganz houfreg bemierkt hunn, ass och hei eng beispilllos Solidaritéit ënnert de Leit an de leschte Wochen entstanen. Vill hu mat ugepaakt fir deene Betraffenen ze hëllefen. Loosst si eis e Virbild sinn! Wat an den Ärenzdall- an Mëllerdallgemengen an de leschte Jore geschitt ass, kann och eis eng Kéier treffen. Da musse mer déi selwecht Solidaritéit beweisen an upaken fir deenen ze hëllefen, déi et trefft. Et ass net virauszegesinn, wéini a wou dat virkënnt. Eis Gemeng huet schonn eenzel Moossname getraff, mee et gëllt weiderhinn um Ball ze bleiwen, fir sech beschtméiglech op all Eventualitéiten virzebereeden.
Haut scho ginn et vill Leit, déi hir Heemecht wéinst dem Klimawandel musse verloossen, an des Unzuel wäert an den nächste Jore leider ëmmer méi héich ginn. Eis Nationalpolitik huet och hei eng grouss Verantwortung ze droen fir méi Drock op déi Lännerze maachen, déi responsabel fir deen immense Verbrauch un fossille Brennstoffer sinn. Mee och Lëtzebuerg, als klengt Land, huet proportional gesinn e schlechte Stand. Jidder Eenzele muss seng Verantwortung iwwerhuelen a mat dofir suergen, eis Ëmwelt ze schounen an domatt en Deel dozou bäizedroen, datt eis Natur an Zukunft gesond erhale bleift.
Mir mussen eis zu Lëtzebuerg Gedanke maachen iwwert déi logistesch an infrastrukturell Problemer, déi ustinn. E grousse Problem ass a bleift déi akut Wunnengsnout. Et stinn net genuch Terrainen zur Verfügung fir bezuelbare Wunnengsbau ze schafen. Et ass um Staat an un de Gemengen, fir déi néideg Terrainen zur Verfügung ze stellen an och domatt der Präiseskalation vum Bauland entgéint ze wierken. Mir waarde bei eis an der Gemeng op d’Geneemegung vum Minister vum PAG, datt mer domat och an eiser Gemeng de Wunnengsbau an déi richteg Richtung lenken. Sou kréie mer e Minideel vun der Lëtzebuerger Wunnengsnout geléist. Mee dat bréngt awer direkt aner Erausfuerderung mat sech, wéi de Bau an d’Erweiderung vun eisen Infrastrukturen. Dat alles muss mat grousser Virsiicht ugepaakt ginn, well e wëllt Droplassbauen ouni op eis Ëmwelt ze kucken kann déi bekannten Nodeeler mat sech bréngen.