Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Grandiose Concert an der schéiner Lënster Barockkierch

Eemoleg war dee Concert, deen e Sonndeg an der Lënster Kierch vun der Lënster Chorale Ste Cécile a vu Membre vun de Chorale Ste Cécile Consdorf-Berdorf a vum Basilikachouer vun Iechternach ënnert dem gemeinsamen Numm « Chorus Sancti Martini » gesonge ginn ass. Den Ensemble orchestral D’Arco huet erëm eng eenzegaarteg Leeschtung fäerdeg bruecht. De Concert stoung ënnert der Leedung vum Dirgent Luc Nilles ; op der Uergel huet den Organist Laurent Felten d’Sängerinnen an d’Sänger begleet. E groussen Applaus gouf et fir d’Solisten Olivier Nilles (Bariton) a Benedikt Gebhard (Soprano). Op der Harf huet d’Dina Nimax all hiert Kënnen op eng bezaubernd Manéier ënner Bewäis gestallt.
Am éischten Deel vum Concert hunn d’Musikanten de Requiem op. 48 vum Gabriel Fauré op eng feelerfräi, berauschend, einfach schéin a gefälleg Aart a Weis virgedroen. Am zweeten Deel vum Concert stoungen Extraiten aus der Mass for Peace vum Karl Jenkins um Programm, eng Musek, déi an eis Zäit passt.
Zum Schluss vum Concert huet de Chorus Sancti Martini e Muttergotteslidd als Uropféierung virgedroen, dat vum Pierre Nimax sen. extra fir dëse Concert komponéiert ginn ass. Ergräifend war et schon, wéi no dësem Lidd de Komponist Pierre Nimax an den Dirigent Luc Nilles sech mat Tréinen an den Aen an d’Äerm gefall sinn, fir een deem aneren ze gratuléieren.
Dirigent, Sängerinnen a Sänger, Musikantinnen a Musikanten, Solisten an Organist, all ware si méi wéi zefridde mat hirer Leeschtung an de Paschtouer Francis Erasmy huet all felicitéiert fir dee wonnerbar Leeschtung an en huet en awer och Merci gesot fir déi ganz vill Ustrengunge vun deene leschte Wochen a Méint, fir esou eng Performance fäerdeg ze bréngen.