Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Flott Chrëschtfeier bei de Lënster Senioren

Immens frou war de President Denis Dimmer fir ronn 120 Membren a Frënn vun de Lënster Senioren op der traditioneller Chrëschtfeier am Sall Gaston Stein begréissen ze kënnen. No enger Gedenkminutt fir de Jemp Hinkel, deen eis kierzlech fir ëmmer verlooss huet, huet hien all deene Merci gesot, déi an iergend enger Form zur Réussite vun dëser Feier bäigedroen haten. Mat Schnittercher, Taart a Bûche sinn d'Leit verwinnt ginn. An enger grousser Tombola si wäertvoll Gewënner verloust ginn. Begeeschtert waren d'Membren a Frënn vun deem schéine Chrëschtconcert mat bekannte Chrëschtlidder, dat en Ensemble vun der Iechternacher Museksschoul ënnert der Leedung vun der Professorin Liane Marth offréiert huet. Zum Schluss huet de Presidenti alle Leit, déi méi wéi zefridde waren, schéi Chrëschtdeeg gewënscht an eng stabil Gesondheet fir 2020, fir datt si alleguerten un den Aktivitéite vun de Seniore kënnten deelhuelen.