Wählen Sie Ihre Nachrichten​

De Jos Havermans huet seng 90 Jar gefeiert

De 5. Juli 1928 ass de Jos Havermans an der Belsch op d'Welt komm. Am Jar 1958 ass hien op Lëtzebuerg komm, wou hien och bliwwen ass. No verschiddenen Etappen ass hie mat senger Familljen zu Beddler ukomm. Wuel fillt hie sech awer och a senger zweeter Heemecht, an zwar zu Nusbaum, hei vir an Däitschland. De Jos huet ëmmer fir Autoe geschwäermt an duerfir ass hien bis zur Pensioun bei Elektro hänke bliwwen. Ee vu sengen Hobbien ass nach ëmmer d'Freed un den Oldtimeren. Hie schafft awer och vill a gäer am Gaart, wou een dat schéinsten an dat beschte Geméis aus der Géigend fënnt. Och an de Veräiner ass hien zënter laangem aktiv, an de Gesangveräiner vun Hiefenech a vu Lënster a bei de "Lënster Senioren".