Wählen Sie Ihre Nachrichten​

De Bichermaart zu Eeschler, en eenzege Succès

Erëm eng Kéier hat der Lënster Bicherclub Luxemburgensis asbl e grousse Bichermaart am Haff vun der fréierer Schoul zu Eeschler organiséiert. Och bei dëser Oplag vun deer Organisatioun war de Succès ganz grouss, an Honnerte vu Leit hu sech déi vill Bicher ugekuckt an och kaaft. Vun deenen Dausende vu Bicher, déi ugebuede gi sinn, hunn der vill de Besëtzer gewiesselt an dat zu engem soziale Präis: 1 Euro de Kilo, méi bëlleg kann ee keng Bicher kafen, an dat ass dann och nach fir e gudden Zweck, well d'Resultat vun deer Organisatioun geet erëm zréck un d'Kultur. Felicitatiounen un de Comité vum Bicherclub! Fuert esou weider!