Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Concert Trio ALLuxion an der Porkirch zu Jonglënster

Dëse Sonndeg, 10. März 2013 invitéiert de Parverband Lënster op een aussergewéinleche Concert an d'Porkirch vu Jonglënster mam internationalen Trio ALLuxion um 17 Auer.

Hei interpretéieren dës renomméiert Musiker Wierker vun Durante, Skroup, Spohr, Debussy, R. Strauss, Debussy, Saint-Saëns, Childs an Bennett.

Den Trio ALLuxion besteet aus deenen bescht bekannten lëtzebuerger Künstlerinnen Geneviève Conter (Harf) a Claudine Peters (Gesang) zesummen mam Stefan Klein (Cor).

Den Entrée ass 15€ (Schüler a Studenten 7€).

keng reservéiert Plazen