Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Auszich aus der Uprooch vum Buergermeeschter Romain Reitz zum Nationalfeierdag

De Virowend vun eisem Nationalfeierdag gëtt eis d‘Méiglechkeet op verschidde wichteg Themen, déi eis all betreffen a beweegen, anzegoen.
Zënter 75 Joer liewe mir an Europa a Fridde mateneen. Mä dat war iwwert déi ganz Zäit net esou einfach. Grouss Staatsmänner a Staatsfraen hu sech fir dëst friddlecht Zesummeliewen agesat. Ëmmer erëm gëtt un déi europäesch Solidaritéit erënnert an u gemeinsam Wäerter. Datt mer elo fräi am Europa vun den 28 Länner iwwerall reese kënnen an datt 19 vun deenen 28 Staaten eng gemeinsam Wärung hunn ass net selbstverständlech. All dat hu mir iwwerzeegten europäesche Politiker ze verdanken, déi och elo net noloossen, wann et dorëms geet dës Wäerter géint de Rietspopulismus an den Afloss vu baussen ze verdeedegen. Un dësen Erfolleger ass Lëtzebuerg ëmmer staark bedeelegt gewiescht. Lëtzebuerg, eent vun de Grënnungslänner vun der Montanunioun, weess datt dëst europäescht Bewosstsinn grad an de Gedanke vun de Lëtzebuerger staark verankert ass.

Mir mussen eis Gedanke maachen, an dëse séier wiesselenden Zäiten, wéi a wou mir eis erëmfannen an eiser Gesellschaft. Jiddereen muss sech all Dag erëm hannerfroen a sech bewosst sinn, wéi wichteg et ass vis à vis vu senge Matbierger, egal ob Lëtzebuerger oder Net-Lëtzebuerger, weltoffen ze bleiwen, den Dialog ze sichen an Toleranz ze liewen. Mir hunn all eis Verantwortung ze iwwerhuelen, och wann et em d’politesch Zukunft geet. D’politesch Zukunft hänkt net nëmmen vun deenen aneren of, mee si läit bei jidder Eenzelem vun eis.
Léif Leit,
100 Joer ass et hier datt d’Fraewahlrecht a Lëtzebuerg agefouert gouf. Dat ass nach net all ze laang hier, mee Lëtzebuerg war, wat d‘Afeirung ubelaangt, souguer eent vun de Virreiderlänner, wann ee bedenkt datt Länner wie d’Schwäiz oder Portugal eräischt an den 70-er Joren dëst Wahlrecht unerkannt hunn. Gläichberechtegung ass fir déi meescht Europäer, a virun allem fir déi jonk Generatiounen, eng Selbstverständlechkeet, och wann et nach ëmmer Stereotyppen an eiser Gesellschaft ginn a Fraen nach ëmmer manner verdénge wei Männer. 100 Joer duerno sinn nach vill Verspriechen vun der Emanzipatioun net ageléist. Mir sinn et eis selwer a besonnesch de jonken a kommende Generatioune schëlleg, d’Efforte vun 1919 am Numm vun der Gläichheet net ëmsoss sinn ze loossen. Eis demokratesch Idealer dierfe keng selbstverständlech oder eidel Phrase sinn.
Grad dës Verantwortung stellt sech haut och am Beräich vum Klimaschutz. Jo, endlech Verantwortung fir eise Planéit ze iwwerhuelen, gëtt eis grad mat ëmmer méi Engagement vun de jonken Generatiounen opgedroen. Et gi Protestbeweegungen a ganz Europa, jo eigentlech op alle Kontinenter. Mat Recht weist eis Jugend drop hinn, datt net genuch fir den Ëmweltschutz ënnerholl gëtt. Si hätte gären eng ofgeséchert Zukunft wou et sech ënner beschtméigleche Konditiounen dra liewe léisst. Wat notzt eis eng finanziell ofgeséchert Zukunft wann et net méiglech ass op där Welt gesond ze liewen
Och mir als Gemeng mussen hei Verantwortung iwwerhuelen. Dëst maache mir zum Beispill am Kader vum Klimapakt, engem Zertifizéirungstool fir Gemengen, déi sech am Beräich vum Ëmwelt- a Ressourceschutz asetzen. Bei allen neien ëffentleche Gebaier leeë mir Wäert drop nohalteg Materialien ze verwenden a setzen voll a ganz op erneierbar Energien