Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Gelongene Märchenowend

Et wor nees e gelongenen Owend, leschte Samschdeg, am Centre culturel et sportif zu Izeg, wou d'Izeger Musek vir u vollem Haus hire Fréijoersconcert gespillt huet. Dëst Joer wore Wierker vum Walt Disney d'Thema vun der Manifestatioun an de Publikum, dee schonn an der Entrée vun elegante Feeën a Prinzessinnen empfaange gouf, ass optesch an akustesch an d'Welt vum Steamboat Willie, Schneewitchen, Aladdin, Robin Hood, Klöckner vu Notre-Dame, Schöne und das Biest, Peter Pan, Aristocats, Marie Poppins, Hercules an Jungle Book agetaucht. Ier deen éischten Toun erklongen ass, konnten d'Spectateuren sech un der Dëschdekoratioun erfreeën, déi mat vill Léift vum Michelle an Agnès Daemen realiséiert gi wor.

D'Musikante vun der Fanfare Izeg hunn ënnert der Leedung vum Lynn Mohr am Märcheschlass fir de musikalesche Background gesuergt an déi sëlleche Video- a Fotoshowe mat Liewen erfëllt.

D'Resultat vu Méintlaange Virbereedungen, haten et erméiglecht, ee flotten, kuerzweilegen Owend ze bidden. Speziell muss een do de jonken Organisatiounscomité ernimmen, deen zesumme mat der Videosequipe flott a spaasseg Interlude produzéiert haten fir duerch den Owend ze féieren. De Walt Disney hätt et net besser gemaach. Nieft de bekannten Disney-Melodien goufen et zousätzlech  Gesangs- an Danzeinlagen vum Pitt Mertens, Noah Gounou, Dan Foetz, Lynn Mohr, Anne a Sophie Kruchten.

Zanter Joren ass et Usus, dass d'Frënn vun der Izeger Musek der Fanfare een Instrument iwwerreechen. Och dëst Joer hu si sech net huele gelooss an de Roger Dostert konnt dem Perkussioun-Regëster e wäertvollt Klackespill iwwerreechen, wat och dankbar ugeholl gouf.

Leider wor des Virstellung vill ze séier eriwwer an den Applaus huet sech eréischt no zwou Zugabe geluecht. A senger Ofschlossried huet de President Pit Zahlen all den Acteuren, a speziell der Cheffin villmools Merci gesot. Hien huet drop higewisen, dat dëst wahrscheinlech dee leschte Concert am Sall ze Izeg wor. Deen nächste Fréijoersconcert dierft dann am neie Kulturzentrum zu Hesper gemaach ginn.

Domat wor den offiziellen Deel ofgeschloss, mee d'Enn vun der Nuecht huet nach op sech waarde gelooss a vläicht huet deen Een oder Aneren nach de Peter Pan begéint.


Kuckt d'Fotoe vum Owend um Site vun der Izeger Musek : http://www.fanfizeg.webplaza.lu/fotoen.html