Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Bëschfest 2018

06
Okt
06 Okt

An Zesummenaarbecht mat der ANF, organiséieren mir déi 31. Editioun vum Bëschfest den 6. an 7. Oktober 2018 um Burfelt.


Dëst Joer proposéieren mir een Programme zum Thema: « Ee Bësch fir Jiddereen »


- Freides, den 5.Oktober ass exklusiv fir d'Schoulklassen reservéiert.

- Samschdes an Sonndes ginn et dann weider natur-pedagogesch Atelieren fir Kanner, Sensibiliséierungsatelieren fir grouss an kleng esou wéi och speziell fir d'Bëschbesëtzer zum Thema multifunktionellen Bësch. Nieft dem traditionnellen an spektakulären Concours vun den Luxloggers mat den 5 Disziplinnen (Zielfällung, Kettenwiessel, Prezi, Combi an Entasten) esou wéi den sëllechen Demonstratiounen am Bësch leen mir bei dëser Editioun groussen Wäert op d'Themen Natura 2000, PNPN am Zesummenhang mam Bësch an d'Sport- an Fräizäitfunktioun vum Bësch.


Wärend dem Weekend wëllen mir jidderengem d'Méiglechkeet ginn fir mat deenen verschiddenen Acteuren am Bësch kennen Kontakt opzehuelen an esou och dem Public weisen op wéi vill verschidden Aart an Weisen den Bësch zu Lëtzebuerg genotzt gëtt.