Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Ierpeldenger 5. Schouljoer planzt Bichenheck um Angelduerfer Camping

Mëttwochs, de 6. November, sinn eng 20 Kanner aus dem 5. Schouljoer vun der Gemeng Ierpeldeng un der Sauer bei der neier Bréck zu Angelduerf mat hirem Schoulmeeschter aus dem Bus geklomm. Ët ass opgefall, datt si Gummistiwwelen oder zolidd Schong gedro hunn. Séier gong ët op déi aner Säit vun der Sauer. Um Camping stong déi fonkelnei Camionnette vun der Gemeng. Zwee Aarbechter haten ewell mat Heel a Schnouer eng duebel Reih Lächer gemeet. Derniwent louchen jonk Bicheplanzen. Et goufen 2 Equipen zesummegestallt. D'Kanner kruten Instruktiounen a séier koumen déi éischt Planzen an d'Lächer. Mat de Stiwwele gouf de Buedem fest widdert d'Wurzele gedréckt. Déi zweet Equipe huet fir d'éischt missen mat oranger Faarf Lächer unzeechnen. Du goufen mat engem Heel Lächer geha a bësse méih spéit stongen och hei déi èischt Planzen.D'Kontroll war streng an hei an do huet missen nogebessert ginn.