Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Gutt Stëmmung um Grill-Stand

Kéiswuppen, Mëttiën a Grillwurschter sinn de freiden an de samschden gutt iwwert d'Théik gaangen. Fir ee gudde Verkaf vum Grillstand am Cactus Angelduerf huet och dat gutt Wieder ee Stéck bäigedroen. Wéi gutt d'Stëmmung an der Bud war, gesäit een am beschten op de Biller.

Vill Bénévolen vun den Ettelbrécker Bluttspender waren am Asaz fir e puer Sue an d'Kees ze kréien. De Bénéfice gëtt geholl fir den Donneurs méritants eng Klengegkeet fir hiren altruisteschen Asaz ze schenken an fir déi nei Campagne vun den Ettelbrécker Bluttspender ze finanzéieren.

Alle Clienten an Donneuren awer och de Bénévolen um Stand ee grousse Merci fir hiren Asaz!