Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Optakt vum Jubiläumsjoer: 20 Joer Club "Haus op der Heed"

Am Kader von engem Neijoersempfang hott d’Equipe vum Club “Haus op der Heed” all hir Clienten op Ëlwen an de Kino Orion ageladen, fir zesummen den Optakt vom Jubiläumsjoer ze feieren.

2019 steet ganz am Zeechen vom 20jäerigen Jubiläum. Dësen alleréischten Club am Land, ass am Joer 1999 zu Hëpperdang gegrënnt ginn, an gett ënnerstëtzt vom Familjeministär an den Gemengen Cliärref, Ëlwen, Parc Housen, Wëntger, Wäiswampech, Pëtschend, an Kiischpelt.

De Club “Haus op der Heed” steet fir Liewenslang Léieren an Active Ageing!

Et gëtt e breetgefächerte Programm mat Seminären, Workshoppen, Virträg, Konferenzen, Informatiounsowender, Sport an Aktivitéit ugebueden. Couren an de Beräicher Kultur, Gesondheet, Beweegung, Allgemengbildung, Iessen an Drenken, nei Medien, Kreativitéit, Natur an Nohaltegkeet mat qualifizéierte Chargés de Cours fannen an de Nordgemengen statt.

Jiddereen kann on den Aktivitéiten deelhuelen, zu deenen och Besichtigungen, Ausflich, Kuerztrips a Reesen gehéieren. De Club “Haus op der Heed” ass do fir all Mensch den Loscht hott fir aktiv ze sënn, sech weiderzebilden an den sech fir déi ugebueden Offeren aus den verschiddene Beräicher interesséiert.