Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Éischt Kommiounskanner aus der Por Saint Benoît baken Brout

Fir all 1. Kommiounskanner aus der Por Saint Benoît Cliärref an fir hir Elteren war den 17. Mäerz „Catéchèse intergénérationnelle“. Den Ufank war an der Hengeschter Kierch, et goufen Atelier’en fir d’Elteren an d‘Kanner organiséiert. No der Mass an dem Mëttesiessen hunn all 1. Kommiounskanner zu Hëpperdang am Club Haus op der Heed mat der Madamm Schanck Brout gebak.