Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Aktiv mam Club Haus op der Heed virun der Summerpaus

Virun der kuerzer Summerpaus war de Club Haus op der Heed nach ganz aktiv.

Fir d’éischt um Naturparkfest wou de ganzen Dag kleng Konschtwierker aus Filz: „echt Filzstëfter ganz ouni Plastik“ hiergestallt goufen.

Nomëttes huet den Sada Leit mat sengem Djembé-Workshop ënnerhalen an animéiert fir matzetrommelen.

Zu gudder Lescht hunn 60 Leit sech fir den Aktiv-Club-Dag getraff. Et gouf an Gruppen gewandert, spadséiert, Vëlo gefuer, Konter a Mitt an Rummikub gespillt, fir am Uschloss all zesummen ze grillen, ze potere an ee schéinen Rescht vum Nomettig ze verbréngen.

Am September geet et erëm aktiv wieder.

Ab Oktober kann een zu Léiler ëmmer mëttwochs ab 19 Auer owes un engem 10-deelegen Dejembé-Workshop mam Sada deelhuelen.

Den 6.Oktober ass de ganzen Dag zu Hëpperdang een Filz-Workshop mam Elisabeth.

Infoen: Club Haus op der Heed Hupperdange

De neien Programm mat den Aktivitéiten fir Oktober bis Dezember 2018 erschéngt Ufank September an ass gratis ze kréien.