Wählen Sie Ihre Nachrichten​

T’ass Kiermes am Duerf, an de Spillmann…jo deen ass dëst Joer net do!

08
Aug
2020
08 Aug

Dëse Sonnden 9. August ass nees Huncherenger Kiermes, awer dëst Joer ass leider keng Kiermes am Duerf zu Hunchereng. Zanter 2012 invitéiert all Joer d‘Huncherenger Musek op hier traditionell „ Kiermes am Duerfkär „ zu Hunchereng, awer wéinst der aktueller sanitärer Kris, an der Gesondheet vun ons all, hu mir et dëst Joer virgezunn onst traditionellt Museksfest mat Concerten, Oldtimertrakteren a Kiermesbuden ofzesoen, an d’Kiermes doheem ze feieren. Am Aklang mat de sanitäre Bestëmmungen hëlt d’Huncherenger Musek awer e Samschden den 8. August am spéiden Nomëtten, d’Klarinett an déi schaddereg Bass eraus fir lëschteg d’Gaasse vun Hunchereng an ze spillen an esou awer déi néideg Kiermesstëmmung opkommen ze loossen. Ab September bidde mir dann och erëm ee Cours am Eveil musical un, d’MiFa-Butzen, fir Kanner ab 5 Joer, déi samschdes vu 17-18 Auer zu Hunchereng an der Schoul op spilleresch Manéier en éischte Kontakt mat der Musek kréien. Duerno kënne si weider an d’Museksschoul goe fir en Instrument ze léieren, dat mir hinne gären zur Verfügung stellen, a ginn dann och an onsem Jugendensembel, dee mir zesumme mat der Harmonie Municipale vu Beetebuerg hunn, opgeholl. Mat einfachen a flotte Museksstécker kënnen déi jonk Musikanten hei eng éischt Erfarung fir an enger Musek ze spille sammelen. D’Prouwe sinn hei mëttwochs vun 18:30-19:30 Auer zu Beetebuerg am Musekssall an der Sportshal. D’Prouwe vun der Fanfare sinn all Mëttwoch vun 19:30-21:30 Auer. Weider Informatiounen, Agenda a Foto’en vun der Fanfare Ste Cécile Huncherange-Noertzange-Fennange fannt Dir op www.fanfare.lu. Mir soen elo schonn all de Leit, déi ons beim Hämmelsmarsch duerch een Don an ons Kees ënnerstëtzen, villmools Merci a wënschen all den Huncherenger Leit ee schéint Kiermesfest doheem.