Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Seniorefeier vun der Gemeng Hesper, 18.12.2016

Iwwer 380 Matbierger aus der Gemeng Hesper waren der Invitatioun vun der Gemeng an der Sozialkommissioun gefollegt, fir un der traditionneller Feier fir Senioren um Howald am Centre Sportif deelzehuelen, déi e Sonnden, den 18.12 2016 stattfonnt huet. Bei enger klenger Assiette a bei Kaffi a Kuch konnten d’Leit e flotten Nomëtte zesummen mat Familljen a Frënn verbréngen. Fir flott musikalesch Stëmmung war och gesuergt. Donierft gouf et nach e klenge Cado als Souvenir fir jiddfereen. Laut den Echoen freeën sech d’Leit schons op déi nächst Editioun am Dezember 2017.