Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Concert de Bienfaisance zu Gonschte vun ALAN - Maladies Rares

Traditionell op Stiefesdag huet d'Fanfare Hueschtert matt hirem Chef Claude Hoffmann op hire Concert de Bienfaisance invitéiert. Nom Marsch "Wind for Winds" an der "Westfort Overture" huet de Jean-Luc Blasius als Solist op der Klarinett de "Concerto pour une voix" zum Beschte ginn. Matt "Hymne à la Musique" ass et dunn an d'Paus gaange wou de Fernand Grulms, Tresorier vun ALAN, hir Associatioun virgestallt huet. No der Paus ass et matt "Welcome to the Music" weider gaangen ier d'Anna Felke, als weider Solistin am Gesank, "Gold von den Sternen" a "Lenas Song" an der Kierch vun Hueschtert verbreet huet. Matt "Feliz Navidad" an "A Holly Jolly Christmas" ass de Concert op en Enn gaangen. Duerch de Programm hunn traditionell de Claude Bache an d'Sonja Sartorius gefouert. Nom Concert haat d'Gemeng Nidderannwen matt hirem Buergermeeschter Raymond Weydert op en Éierepatt invitéiert. Do gouf dann och de Cheque iwert 2300 € un de Fernand Grulms an den Alphonse Ansay vun ALAN iwerreecht.