Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Haaptversammlung Lidderuucht Lëtzebuerg

World folklore festival San Remo an Folkloriada a Russland 2020


Op der Generalversammlung vun der Lidderuucht Lëtzebuerg huet de President, Marcel Blum, den Éirepresident, d’Vertrieder vun UGDA, de Lokalveräiner an d‘Memberen begréisst. Mercien un d’Comitésmemberen, Sängerinnen a Sänger, Brëttelspianisten an dem Chef fir hiren Asaz während dem vergaangene Joer an och op en erfollegräichen Lëtzebuergerowend. Duerno war et awer e kritesche Réckbléck mat der Informatioun keng Kanditatur fir an de nächsten Comité ze stellen. En kuerzen Ausbléck op Auslandsoptrëtter. Participatioun um “World folklore festival San Remo-Diano Marina-Cannes vum 14. Abrëll bis den 18. Abrëll 2020. E weideren Optrëtt ass am Kader vun der CIOFF op der Folkloriada zu UFA an Russland. 18. Juli – 1. August 2020. Duerno eng Gedenkminutt fir déi verstuerwen Memberen aus dem vergaangenem Joer. Am Rapport vun der Sekretärin, Madame Hornick-Hoffmann, war ze héieren dass et e gutt gefëllten Programm am Joer 2019 war mat Haaptakzent op de Lëtzebuergerowend. 35 Prouwen; 20 Optrëtter;12 Comitéssëtzungen.

D’Finanzen si gesond duerch Succès vun der CD ”Dat elei an dat elo” an och dem Lëtzebuergerowend. De Keessier, Stemper Carlo, huet drop higewisen dass et gudd ass e klengen Polster ze hunn fir d’Finanzement vun deenen zwee Auslandsoptrëtter.

Am Numm vun der UGDA huet D’Madame Suzanne Kramer der Lidderuucht Merci gesot fir hiren Asaz an déi gutt Zesummenaarbecht betount, déi konkret gebraucht gëtt fir den Optrëtt mat den Dänzer vun “Vallée des Sept Châteaux” op der Folkloriade an Russland am Kader vun der CIOFF. Uschléissend huet Si verdéngschtvoll Sängerinnen a Sänger ausgezeechent. Klein Marie-Louise an Steichen Alice mat enger Spéngel fir 5 Joer. Cruchten-Grethen Liliane; Martin-Bühler Cecile an Harsch-Ersfeld Marguy mat enger Spéngel fir 20 Joer. De Chef, Claude Hornick, huet den Sängerinnen a Sänger Merci gesot fir hieren Asaz, awer drop higewisen méi Presenz bei Prouwen an Optrëtter ze weisen. Ofschléissend war de President houfreg fir der Associatioun Blëtz a.s.b.l. en Scheck vun 600€ ze iwwerreechen, an dëst duerch de verkaf vun den CD’en “Wat d’Heemecht ass” an “Dat elei an dat elo” wou 1€ pro CD fir en Don ewech geholl gëtt.

www.lidderuucht.lu
www.folkloriada2020.com